Dimanche 07 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Gesondheet: D'Cotisatioune klammen

An anerer Wierder hëlt d'Gesondheetsreform elo definitiv Formen un, och wa sech vill Leit mat de neie Mesuren alles anescht wéi zefridde wäerte weisen. De Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo hat am Ufank vu senger Pressekonferenz nach probéiert seng Nolauschterer ze berouegen: “Mir garantéieren eise Patienten e gudden, accessibelen a generéis Gesondheetssystem”.

D'Gesondheetsreform wier de Fazit vun zwee Méint intensive Gespréicher mat sämtlechen Acteuren am Milieu, Dokteren, de Spideeler, de Patronater

an d'Vertrieder vun de Versécherten. Deemno huet dëse Projet als Zil, net nëmmen de Budget vum Gesondheetssystem 2011, ma och nach an de kommende Joeren ze équilibréieren. “Mir wëllen eng nohalteg Entwécklung an eisem Gesondhetssystem erreechen”, ënnersträicht de Minister.

132,6 Milliounen Euro ginn agespuert


Den Defizit bei der CNS, deen den Ament bei 33 Milliounen Euro läit, ass zwar wuel schonn ëm d'Halschent erofgaang an de vergaangene Méint, ma trotzdem ännert sech näischt un de katastrofale Prognosen. Am Joer 2014 kéint den Defizit nämlech 206 Milliounen Euro Defizit erreechen. Donieft kann d'CNS et sech net méi erlaben, weiderhin 6 Prozent vu sengem Budget fir Dépensen ofzeginn an dobäi nëmmen 2 Prozent Recetten anzehuelen.

An deem Kontext bleift et net ze vermeiden, d'Cotisatiounen ëm 0,4 Prozent ze erhéijen, sief dat fir de normalen Assuréierte, fir den Employeur, d'Pensionären oder och de Staat. Eng Moossnam, déi et der CNS erlaabt sech iwwer Waasser ze halen. Doduerch sollen 132,6 Euro an d'Keesen vun der CNS fléissen, dovun 34,5 Milliounen duerch d'Assuréiert, 34,5 Milliounen duerch d'Employeuren, 48 Milliounen duerch de Staat an 14,6 Milliounen duerch d'Pensiounen.  Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn