Et wäert bei de Minustemperature bleiwen an de Schnéi wäert weider fir Chaos op de Stroossen suergen. Schon an deenen éischten Deeg ass et zu zuelräichen Autosaccidenter a kilometerlaange Staue komm, zemools well vill Chaufferen aus Virsicht am Schleekentempo fueren.
Gëschter Owend huet de Beruffsverkéier ville Leit hir Nerve kascht. Kilometerlaang Stauen hu sech iwwerall am Land opgebaut. Den ACL huet matgedeelt, datt d'Aire de Berchem op der A3 a
Richtung Lëtzebuerg an d'Aire de Capellen op der A6 a Richtung Belsch hoffnungslos iwwerlaascht waren.
Haut soll et drësche bleiwen, mä den nächste Schnéifall ass fir Mëttwoch virgesinn. D'Temperaturen sollen och weider erofgoen.