Déi belsch Inneministerin Annemie Turtelboom huet dobäi d'Wuert ergraff a gehäit der USA vir, déi europäesch Regierungen net genuch informéiert ze hunn. An hiren Ae wieren e regelméissegen Informatiounsaustausch a méi Kontakt tëscht de Ministere vun Europa an den USA néideg, sou d'Ministerin beim Treffen zu Lëtzebuerg.
“Ech denken et ass immens wichteg, Informatiounen ze kréien, schliisslech ass et net déi éischt Kéier, dass d'USA eng Reeswarnung fir Europa ginn huet”,
sou déi belsch Ministerin am Ufank vun den Diskussiounen. Et ass dann och d'Belsch, déi den Ament fir d'EU-Rotspresidentschaft zoustänneg ass.
Envoyer cet article par email