Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Firma wollt Uelegverschmotzung vertusche

Wéi d'Police matgedeelt huet, konnte si vergaangene Freide géint 8.00 Auer en uerge Fall vun Ulegeverschmotzung opdecken. Wéinst engem staarken Ueleggeroch a Réckstänn op der Waasseruewerfläch vun der Alzette, op der Héicht vun der Alzette Bréck zu Mëlleref , konnten  d'Beamten der Uelegspur bis bei de Verursaacher nogoen.

Et huet sech ëm eng Firma vu Steesel, an der Rue du Près gehandelt, déi Tankanlagen a Behälter bauen a botzen. D'Ënnersichung huet erginn, dass um fréie Moien

en Tank mat Uelegoffäll, aus bis ewell nach ongeklärter Ursaach ëmgekippt war. De kompletten Inhalt ass doropshin iwwert déi ongeséchert Kanalisatioun an d'Alzette gelaf. Donieft ass och de Buedem an der Ëmgéigend vum Tank verschmotzt ginn.

Déi schëlleg Firma huet no dësem Virfall awer net d'Police oder d'Pompjeeën informéiert. Nach beim Antreffe vun der Police hate Mataarbechter vun der Firma probéiert, den Terrain selwer ze botzen an haten den ëmgekippten Tank an d'Hal gezunn. Deemno wollte si de Virfall vun extremer Omweltverschmotzung ganz einfach vertuschen.

D'Pompjeeën, déi vun Ufank  un hätte missen alarméiert ginn, hunn Uelegspären zu Mëlleref , Steesel a Miersch opgeriicht. Op der Plaz wa awer och d'Waasserwirtschaftsamt an d'Division Contamination, sou wéi de Centre d'Intervention vu Miersch. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn