Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

13 fest Radare bis Enn 2012

Zu Lëtzebuerg passéiere ronn 48 Prozent vun allen Accidenter duerch ze héich Vitesse oder Alkoholkonsum. Eng Zuel, déi dem Claude Wiseler all Grond ginn, haart duerchzegräifen an am Hibléck op 50 Joer Sécurité routière nei Mesuren unzekënnegen.

De Minister hat schonn e puer Méint am Virfeld, am Gespréich mat news352.lu, verroden, dass zu  Lëtzebuerg bis 2012 fest Radare sollen installéiert ginn. Elo huet hien awer präziséiert, dass der insgesamt 13 op potentiell

geféierleche Plaze sollen opgestallt ginn. Donieft solle siwe weider mobil Radaren déi nei Sécherheetsmesure nach verstäerken.

De Minister ass awer och nach e Schratt méi wäit gaang an huet betount, dass op verschiddenen Nationalstroossen, déi bis ewell op 110 Stonnekilometer limitéiert sinn, elo op eng Limite vun 90 Stonnekilometer sollen erofgesat ginn. Parallel dozou, sollen d'Alkoholskontrollen nach emol verstäerkt ginn.

De Claude Wiseler huet de Punkt op den “i” gesat an annoncéiert, dass eng ganz Rei aner Mesuren nach solle nokommen. Ma op méi Detailer wollt hien op där Plaz net agoen. Nëmmen souvill: de Punktesystem soll deemno wéi verännert ginn an de Prinzip vum Tirettesystem virum Tunnel Houwald eweidert ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn