Dimanche 29 Septembre 2024
taille du texte
   
Samedi, 12 Juin 2010 00:00

China: 11-Järegen deckt Liewensmëttelskandal op

D'Zeitung China Daily bericht, datt de Schüler Zhang Hao aus Peking Pilzer ënnersicht huet, nodeems seng Mamm him se verbueden huet, well si gemengt huet si wieren net propper genuch fir z'iessen.

An der Hoffnung, de Bericht ze kontestéieren, huet de Zhang am Juli eng Rei vu Pilzer gesammelt an huet se mat Hëllef vun engem Student vun der landwirtschaftlecher Héichschoul zu Peking ënnersicht. Si hunn e Mikroskop an eng fluoreszent Beliichtung benotzt an hunn

dobäi erausfonnt, datt di meescht Pilzer mat Bleech-Chemikalien kontaminéiert waren. De chinesesche Presseberichten no, kéinten d'Bleechmëttel ënner anerem Liewer-Schued, Hautallergien an Asthma verursaachen.

D'Medien hunn den 11-Järegen gelueft, well hien e Skandal domadder opgedeckt huet. D'Autoritéite vu Peking haten erklärt, datt 97,7 Prozent vun de Pilzer onbehandelt waren an datt se ouni Bedenken iessbar waren.

Am Bezuch zu der chinesescher Liewensmëttelindustrie ginn et ëmmer méi Skandaler. Am Joer 2008 waren eng 300.000 Kanner duerch kontaminéierte Mëllech-Polver krank ginn, dee mat der Industrie-Chemikalie Melamin verseucht war. Dëst Joer gouf ënner anerem entdeckt, datt ee Speise-Ueleg mat Bounen, déi mat Pestizide verseucht waren, a mat recycléierten Offäll produzéiert gi war.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn