Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Eng ongewëss Zukunft fir d'CarréRotondes

Am Hibléck op d'Presentatioun vum musikalesche Programm vun de kommende Méint, huet den Direkter vun der CarréRotondes, Robert Garcia, gëschter mat der Fauscht op den Dësch geschloen. Hie mécht domat sengen Zweiwel Loft, iwwert d'Zukunft vum Exit07 an dem Kannerprogramm Traffo.

Dës zwee Voleten hätte bis 2014/2015 eigentlech missen an d'Rotondes zu Bouneweg plënneren, op alle Fall, war dëst vun der Regierung nom Kulturjoer 2007 sou accordéiert ginn. Sou sollt gläichzäiteg  eng nei kulturell Zeen an

der Stad Lëtzebuerg entstoen.

Ma dat accordéiert Finanzement vun dësen Aarbechten, déi am Virfeld scho no ënne korrigéiert gi  waren (vun 23 op 16 Milliounen Euro), si weder am Budget 2011, nach fir déi nächsten dräi Joer ernimmt ginn. De Problem verstäerkt sech awer och nach duerch de Fait, dass de Locatiounskontrakt mat der Firma Paul wurth fir d'CarréRotondes Enn 2011 ofleeft an et onméiglech ass, de Kontrakt nach emol ze verlängeren. Paul Wurth hätt nämlech elo aner Pläng fir de Site, si wëlle Wunnenge bauen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn