Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Reding wëll op Strofverfahren géint Frankräich verzichten

D'Reding gesäit, déi vu Frankräich proposéiert Garantien zur kompletter Ëmsetzung vun der EU-Nidderloossungsfräiheet am nationale Recht als “süffisant” un. D'Kommissarin hat der Regierung zu Paräis virgeworf, duerch d'Gruppenexpulsioune vu Roma d'EU-Recht op Nidderloossungsfräiheet ze verletzen. D'Viviane Reding hat Frankräich an deem Kontext mat engem Strofverfahren gedréit.

Frankräich hat an de vergaangenen Deeg Nobesserungen a sengem nationale Recht versprach, fir sou dat ugedréite

Strofverfahren ofzewennen. D'EU-Kommissioun hat vergaangene Freiden d'Äntwert vu Frankräich op een, vu Bréissel gesaten Ultimatum erhalen. D'Reding hat et schonn e Samschden als positiv bewäert, dass Frankräich op d'Fuerderunge vun der Kommissioun reagéiert hat.

Frankräich hat zanter Joeresufank, méi wéi 8.000 Roma an hir EU-Heemechtslänner, Bulgarien a Rumänien, expulséiert. D'EU-Regelen schreiwe streng Eenzelfallprüfungen an en ëmfaassende Rechtschutz vir. Déi konservativ Regierung zu Paräis gëtt besonnesch zanter der Verschäerfung vun hirer Roma-Politik am Summer virgeworf, sech iwwert d'EU-Regelen ewechzesetzen an einfach sou Roma-Gruppen ze expulséieren. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn