Dimanche 29 Septembre 2024
taille du texte
   
Lundi, 12 Juillet 2010 00:00

Nei Etude: Aspirin kann Kriibs-Risiko em 40% reduzéieren

Di nei Etude, déi an der britescher Medezin-Zeitung 'The Lancet' publizéiert gouf, huet fir di éischt Kéier gewisen, datt Aspirin am Schutz géint, ënner anerem, de Kriibs vun der Prostate, vun de Longen, vum Gehir a vum Hals, effektiv ass.

'D'Resultater konstituéieren di éischt Prouf, datt Aspirin den Doudesrisiko vun heefege Kriibse reduzéiert', sot de Peter Rothwell, Professer op der University of Oxford an Haaptauteur vun der Etude. Den Aspirin ass effektiv, well en den COX-2 hemmt, en

Enzym deen d'Zellenverbreedung a Kriibs-Tumoren dreift.

De Rothwell a seng Kollegen hunn aacht klinesch Tester mat 25.500 Patienten ausgeféiert. Verschidde Sujeten hunn Aspirin geholl, anerer hunn e Placebo kritt. Den originellen Zil vun der Etude war awer net den Impakt vun der Drog am Bezuch zum Kriibs ze moossen.

Während den Tester, déi 4 bis 8 Joer gedauert hunn, hunn Dosen vun Aspirin, verschiddener just 75 Milligramm (eng Fraktioun vun der normaler Dosis fir d'Behandlung vum Kappwéi), den Doud duerch Kriibserkrankungen ëm 21 Prozent reduzéiert. De Risiko war virun allem no 5 Joer Behandlung mat Aspirin bemierkbar, mat enger Reduktioun vun 30-40 Prozent - ofhängeg vum Tipp vu Kriibs.

Dräi vun aacht Testphase ware laang genuch fir den Impakt vun Aspirin iwwert eng Period vun zwee Jorzéngten ze moossen. Den 20-Joer laange Risiko ass ëm ee Fënneftel gefall: 10 Prozent fir Prostate-Kriibs, 30 Prozent fir Longekriibs, 40 Prozent fir Daarmkriibs, a 60 Prozent for Oesophage-Kriibs.

Fir de Kriibs vun de Longen a vum Hals war de schützenden Effet un Adenokarzinomen limitéiert, den Typ vu Kriibs dee sech normalerweis a Leit entwéckelt, déi net fëmmen.

'D'Resultater si villverspriechend an eng grouss Prouf, datt Aspirin de Risiko vun der Entwécklung vu Kriibserkrankungen oder den Doudesrisiko duerch vill verschidden Type vu Kriibse reduzéiere kann', sou den Ed Yong vu Cancer Research UK, 'Dëst seet eis, datt souguer duerch eng kleng Dosis den Doudesrisiko reduzéiert gëtt, wann d'Medikament fir op mannst 5 Joer geholl gëtt'.

Aspirin gëtt vu villen Dokteren verschriwwen, fir de Risiko vun engem Häerzinfarkt ze reduzéieren oder Bluddstroum Problemer ze regléieren. Mä deeglech Benotzung ouni Verschreiwung kann zu Bauch-Problemer oder Bluddunge féieren.

D'Etude ass immens wichteg, fir eng Krankheet ze bekämpfen déi immens verbreet ass. A räiche Länner läit de Risiko, Kriibs z'entwéckelen, bei 40%.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn