Dimanche 29 Septembre 2024
taille du texte
   
Lundi, 12 Juillet 2010 00:00

E Bléck an d'Zukunft: Den Handy als Portemonni

Eng Alliance tëscht Inside Secure an aneren europäeschen Technologiesentreprisen huet wëlles, d'Visioun a Realitéit ze verwandelen - mat elektronesche Chips déi Smartphones a Portemonnien verwandelen.

'Dëst ass deen nächste groussen Trend', sou de Charles Walton, Direkter bei der Entreprise 'Inside Secure', déi a Frankräich baséiert ass. D'Near-Field Communications (NFC) Chips kënnen finanziell Transaktiounsdaten op eng kuerz

Distanz op Lieser, déi op Plazen wéi Dieren oder Check-out Standen installéiert sinn, schécken.

'D'Potential vun esou Transaktiounen ass fundamental fir di nächst Rei vun Handyen. D'Geschäftspotential fir Apple, Google, Yahoo oder AT&T ass bedeitend', sou de Walton.

Deen zweet-Generatioun Nexus S Smartphone, deen dëse Mount vu Google an den USA erausbruecht gëtt, verwandelt den Handy an e virtuelle Portemonni. E soll eventuell Kreditkaarte remplacéieren, sou den Eric Schmidt, Exekutivchef bei Google.

Chef vum BlackBerry Produzent 'Research in Motion' huet gesot: 'Mir wieren Idioten, wann mir d'NFC-Technologie net gläich an eise Produkter hätten, a mir si keng Idioten'. Experten erwaarden, datt 40-50 Milliounen Handyen mat der NFC-Technologie am nächste Joer op de Maart kommen, sou de Walton.

D'NFC-Technologie gëtt schon bei 250 Milliounen Bank a Kreditkaarten, Passen an Identifikatiounsbadgen benotzt. 

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn