Den Angaben no hunn d'EU-Finanzminister zu Bréissel beschloss, datt de Rettungspak fir Irland ronn 85 Milliarden Euro kaschte wäert. Virun knapp enger Woch haten d'EU-Finanzminister d'Hëllef aus dem Fong vereinbart, un dem den internationale Währungsfong (IWF) och bedeelegt ass.
Mat der Ënnerstëtzung vun Irland soll d'Ausbreedung vun der Scholdekris op aner Euro-Staaten verhënnert ginn. Irland well ee beträchtlechen Deel vum Rettungspak an de
Finanzsektor stiechen. 10 Milliarden Euro si fir déi direkt Ënnerstëtzung geduecht, an 25 Milliarden als Reserve.
Déi iresch Banken haten an de Boom-Joren masseweis riskant Krediter verginn. Dem Staat ware bal d'Suen ausgaangen.