D'Zuel vun den iwwergewiichtege Kanner geet och weider an d'Luucht: 12,5% vu Kanner sinn ze deck. Am Verglach ass an der EU 1 Kand vu 7 iwwergewiichteg.
Iwwer déi lescht 20 Joren huet sech den Taux vun der Obesitéit verduebelt. Mä do ass eng gutt Noriicht: D'Liewenserwaardung vun de Lëtzebuerger Frae läit bei 81,1 Joer, méi héich wéi d'EU-Moyenne vun 80,8 Joer. Fir d'Männer ass et 76,7 Joer (EU – 74,3 Joer).
Am Joer 2008 ware Häerzkrankheete fir iwwer 40% vun den Doudesfäll an Europa zoustänneg.