Mercredi 02 Octobre 2024
taille du texte
   
Mardi, 12 Octobre 2010 00:00

London: Demonstrante gräifen Auto vum Prince Charles un

Um Donneschdeg ass e Gesetz gestëmmt ginn, deen d'Héichschoulen vu Groussbritannien d'Méiglechkeet gëtt, d'Studiegebühren ze verdräifachen.

Bei de Protester goufen 31 Persoune verletzt. D'Demonstranten hunn ënner anerem den Auto um Prince Charles ugegraff, an deem hie mat senger Fra Camilla zu engem Theater ënnerwee waren.

Bis 10.700 Euro pro Joer sollen d'Unistudenten ab dem neie Schouljoer 2011

bezuelen. Dëst ass en Deel vum Spuerpak vun der britescher Regierung, deen domadder de Rekordefizit besäitege wëll. De liberaldemokratesche Vize-Premierminister Nick Clegg huet erklärt, datt hie sech net schummt, well 'd'Welt einfach esou ass'.

Virum Parlament ass et zu Zesummestéiss komm, an deenen 9 Polizisten an 22 Demonstrante verletzt goufen. Et si 15 Demonstranten festgeholl ginn. Rose Studenten hu sech um Donneschdegnomëtten op d'Plaz virum Parlamentsgebai gedrängt.

'Stoppt Gebühren a Kierzungen' war op de Plakater ze liesen. Verschidde Participante hu versicht, d'Police-Ofspärungen ze duerchbriechen. Doropshin ass et zu enger hefteger Ausenanersetzung komm. Eng Rauchbomm ass gezünt ginn.

En Deel vun den Demonstrante ass a Richtung Buckingham-Palace, de Sëtz vun der Kinnigin Elizabeth II, gaangen. Den Angaben no hu si och en Auto ugegraff, an deem de Prince Charles a seng Fra Camilla op en Theaterbesuch ënnerwee waren. Den 62-järege Prënz a seng 63-järeg Fra sinn awer net verletzt ginn.

An deene leschte Wochen ass et zu massive Protester géint d'Erhéijung vun de Studiegebühre komm. Dëst ass déi véiert grouss Manifestatioun gewiescht.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn