Mercredi 02 Octobre 2024
taille du texte
   
Mardi, 12 Octobre 2010 00:00

Kroatien: Internationalen Haftbefehl géint Ex-Ministerpresident Sanader

De Sanader gëtt vun der Anti-Korrupatiounsautoritéit wéinst engem kriminellen Akt a Muechtmëssbrauch gesicht, sou de Site vum Inneministere zu Zagreb um Freideg. Et gëtt bericht, datt de Sanader d'Land verlooss huet an iwwer d'Grenz a Slowenien gaangen ass. Doropshin huet de kroatesche Parlament dem fréiere Ministerpresident seng Immunitéit entzunn an huet domadder de Wee fir d'Festnahm vum 57-Järege Mann fräi gemaach.

Wou sech de Sanader befënnt ass onkloer. Déi kroatesch Medie spekuléieren, datt de fréiere Regierungschef sech an

Éisträich ophält. Do huet hie studéiert, ier hien an de 1990er Joren seng politesch Carrière ugefangen huet. Säin Antwalt huet um Donneschdegowend gesot, datt hie just op enger Geschäftsrees ënnerwee ass an 'an dräi bis véier Deeg' erëmkënnt.

De Sanader ass den éischte kroatesche Ministerpresident, géint deem e Korruptiounsprozess lancéiert gouf. D'Regierung vun Zagreb huet de Kampf géint d'Korruptioun an der lescht verstäerkt. D'Land strieft en EU-Bäitrëtt am Joer 2012 un.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn