Samedi 28 Septembre 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Stockholm-Attentater: 1 Doudegen, 2 Blesséierter an e beonrouegende Message

Um Samschdegnomëtten hunn zwee separat Bommenexplosiounen an der beléiften Drottninggatan Akafsstrooss stattfonnt. Et handelt sech ëm eng Auto-Bomm an e wahrscheinleche Selbstmordattentat. Dobäi ass et zu engem Doudesfall, de presuméierte Selbstmordattentäter, an zwee Blesséierter komm.

En Auto mat Bensinkanisteren war explodéiert an huet déi zwee Persounen blesséiert. Déi zweet Explosioun, déi vum presuméierte

Selbstmordattentater detonéiert gi war, huet ongeféier 300 Meter ewech stattfonnt. De Mann, deen déidlech um Bauch verletzt war, ass mat engem Rucksak mat sechs 'Rouer-Bommen' fonnt ginn. Et ass just eng Bomm explodéiert. Et ass och eng Täsch mat Neel gefëllt nobäi dem doudege Mann fonnt ginn.

'Mir hunn eng Enquête an en Terror-Verbrieche lancéiert', sou den Anders Thornberg vum schwedesche Geheimdéngscht Saepo um Sonndeg 'Mir verdächtegen e Selbstmordattentat'. Am Fall vun engem Selbstmordattentat wier et deen Éischten, dee Schweden erlieft huet.

D'Terrororganisatioun Al Qaeda huet d'Responsabilitéit fir d'Attentater op hirem Site annoncéiert.

Den islamistesche Site Shoumoukh-al-Islam huet eng Foto vum Mann publizéiert, den Taymour Abdel Wahab, deen den Attentäter si soll. Den Angaben no huet de Wahab op der Universitéit vu Bedfordshire zu Luton an England studéiert an huet weider an der Stad gelieft.

Ongeféier 10 Minutten virun den Explosiounen huet d'TT Noriichtenagence a Saepo eng Email mat Audio-Messagen op Schwedesch, Englesch an Arabesch kritt. De verdächtegten Täter adresséiert 'Schweden an déi schwedesch Bevëlkerung': 'Elo stierwen är Duechteren a Schwësteren wéi eis Bridder, Schwësteren a Kanner am gaangen ze stierwe sinn.'

An der englescher Versioun entschëllegt hie sech u seng Kanner a seng Fra, well hie si ugelunn huet: 'Et war net einfach, virun iech Geheimnisser ze hunn. Meng Reesen an de Mëttel Osten ware net fir Geschäfter ze maachen. Si ware fir den Jihad'. Dobäi fuerdert hien déi aner 'verstoppte Mujaheddin' an Europa, a virun allem a Schweden, zu engem Attentat op.

De Message war haaptsächlech un déi schwedesch militäresch Präsenz am Afghanistan an un de schwedesche Kënschtler Lars Vilks adresséiert. De Vilks steet säit der Verëffentlechung am Joer 2007 vu sengem Bild vum Prophet Mohammed als Hond ënner regelméisseger Morddrohung.

De schwedesche Premier Fredrik Reinfeldt huet d'Attentater staark condamnéiert: 'D'Bommenattentater sinn onerwënscht an inakzeptabel'. Schweden wier eng oppen an demokratesch Gesellschaft déi bewisen huet, datt Leit mat verschiddene Reliounen an Hannergrënn zesumme liewe kënnen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn