Samedi 29 Juin 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Grousse Kannerpornonetzwierk an den USA an Europa opgedeckt

Insgesamt 20 Verdächteger gi beschëllegt, sou déi amerikanesch FBI um Dënschdeg zu Los Angeles. Deemno handelt et sech ëm 16 Verdächteger an den USA, dorënner hu scho 5 de Verbriechen zouginn. Dobäi kënnt jeeweils ee Verdächtegen aus Däitschland, Frankräich, Belsch an Neiséiland.

Dem amerikanesche Parquet no, cooperéieren d'US-Autoritéite an der Enquête mat den Autoritéite vun deene betraffene Länner souwéi mat der EU-Autoritéit fir

justiziell Zesummenaarbecht (Eurojust) zu Den Haag.

D'Pädophilen sollen iwwer dem Online-Forum 'Lost Boy' kannerpornografesch Fotoen a Videoen ausgetosch hunn. De Site war scho virun zwee Joer zougemaach ginn, mä d'Enquête huet gedauert an huet schliisslech zu den Ukloe geféiert.

D'Porno-Biller hätten honnerte vu Jonge gewisen, déi sexuell mëssbraucht goufen, sot den US-Staatsaffekot Andre Birotte Jr. Bei der Enquête zu dësem Netzwierk wieren d'Beamten och op Verdächteger gestouss, déi selwer Kanner mëssbraucht hunn, Kannerpornografie produzéiert hunn, an um Internet verbreet hunn.

Dem Parquet no, hunn d'Verdächteger elaboréiert Methode benotzt, fir hir Aktiounen ze verstoppen. Si hätten esouguer en Handbuch erausginn, an deem Pädophile-Tipps fir d'Ulackele vu Kanner enthale sinn.

p { margin-bottom: 0.21cm; }

Foto: ©AFP – Eng Foto vum James Criscione, e Member vum 'Lost Boy' Forum

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn