All 22 Passagéieren a Besatzung vun engem kléngen Tara Air Fliger, deen an de Bierger vun Nepal erofgefall ass, sinn ëm d'Liewe komm.
Den Twin Otter Fliger, dee mat 3 Besatzungsmemberen an 19 Passagéieren ënnerwee war, ass um Mëttwochnomëtten kuerz nom Depart an d'Bierger, déi sech eng 140 Kilometer vun der Haaptstad Kathmandu befannen, geknallt.
'Mir hunn 20 Läichen fonnt. Mir sichen fir
déi aner Zwee, mä mir kënne sécher sinn, datt et kéng Iwwerliewender gëtt', sou de Police-Spriecher Bigyan Raj Sharma zu der Noriichtenagence AFP, 'De Fliger ass total ausaneegebrach an ass iwwert eng Fläch vun 200 Meter am dichte Bësch zerstreet'.