Sunday 30 June 2024
Font Size
   
Tuesday, 09 March 2010 00:00

Jean-Claude Juncker: Ech si kee Nationalist

Exakt Detailer sollten et op der Rentrée vum Jean-Claude Juncker net ginn, ma éischter sollt et e klenge Bilan sinn zu deene Sujeten, déi entweder erëm opgegraff ginn oder och schonn ëmgesat gi sinn. Zefridde weist sech de lëtzebuerger Premier mat den aktuellen Zuele ronderëm d'EU-Wirtschaft a betount op där Plaz, dass de Jean-Claude Trichet sollt Recht  behale mat der Erhuelung vun eiser Wirtschaft.

Nach kee Grond eng Schampesfläsch op ze maachen

“Zu Lëtzebuerg ass souguer  nach e

méi héije Wuesstem méiglech. Ma mir dierfe net vergiessen, dass mir den Ament op engem Wirtschaftsniveau vun 2007 sinn, also nach kee Grond eng Schampesfläsch op ze maachen”, sou en éischter zeréckhalende Premier. Hie mécht dann och nach emol däitlech, dass eng däitlech Erhuelung an der Eurozon eréischt Enn 2011, Uganks 2012 en Vue ass, an op kee Fall éischter, wéi op ville Plaze scho bericht gi wier.

Ma wann een da grad vu Finanze géif schwätzen, huet de Jean-Claude Juncker an engem Otemzuch erkläert, dass d'Regierung u sengem Spuerprogramm festhale wäert, och wann d'Recettë besser ausgefall wieren, wéi erwaart. Zil vun der Regierung sinn ausgeglache Staatsfinanzen bis 2014, dat heescht wat d'Gemengen an zum Beispill d'Sécurité sociale ubelaangt. Op kee Fall wier awer hei vum Staatsbudegt riets, wéi et ganz oft vun de Medie géif behaapt ginn. De Budget géif dann och den 5. Oktober déposéiert ginn, ma am Virfeld misste nach vill Efforte gemaach ginn.

Wa net mat hinne, dann eben alleng

A Saachen oft diskutéierte Sozialvehandlungen géif et Zäit ginn e Schratt méi wäit ze goen, well Problemer géif een net duerch 2 Attitudë léisen, an zwar Gespréicher einfach ze refuséieren oder einfach net mat sech schwätzen ze loossen. An der kommender Woch géifen dës Gespréicher erëm opgeholl ginn: “Mir hätte gär sämtlech Gespréichspartner op der Streck a wa si net matginn, da geet d'Regierung eben alleng”.

Wat de Site Belval ubelaangt, sou ass d'Konstruktioun vum Maison du Nombre mat engem Käschtepunkt vun 52 Milliounen Euro, eng Maison d'arts et des étudiants (16,4 Milliounen Euro) a fir d'Équipement vun der Centrale de production de froid (14,6 Milliounen Euro) virgesinn. Dëse Bauprogramm ass dann  och en Deel vun der Finanzenveloppe an der Héicht vun 565 Milliounen Euro, déi d'Regierung an der éischter Bauphas geplangt hat.

Drock a Saache Kannergeld?

Eng Fro, déi dann och ganz vill Leit wäert interesséieren, ass seng Meenung zum Drock a Saache Kannergeld. Ma de Premier huet sech net laang ma Thema ausenanergesat, weist sech awer déif betraff, dass den Drock éischter duerch d'Medien ausgeléist gëtt a vill manner vun de Leit dobaussen. Et wieren an der Haaptsaach d'Medien, déi Schold sinn un der schlechter Atmosphär: “Ech hu mech net iwwer Nuecht an e Nationalist verwandelt”.

Ma de Jean-Claude Juncker huet dann och ofgeblockt, nach weider an d'Thema anzegoen, schliisslech kéinte weider Aussoen och ganz gär negativ ëmschloen, zëmools virun der grousser Manif, annoncéiert vun de Gewerkschaften den 16. September. Hie wier awer gäre bereet den 17. nach eng Kéier Stellung ze huelen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn