Sunday 30 June 2024
Font Size
   
Tuesday, 09 March 2010 00:00

Jeff Strasser: “Et gëtt schwéier den Owend”

De Jeff Strasser, blesséierte Kapitän vun der lëtzebuerger Nationaléquipe huet am Gespréich mat news352.lu seng Bedenken zum Qualifikatiounsmatch e Freidenowend geäussert: “Ech denken et gëtt immens schwiereg géint Bosnien-Herzegowina den Owend. Ech kennen e puer Spiller a si hu sech bal fir d'Weltmeeschterschaft qualifizéiert, hunn dann awer onglécklech géint Portugal verluer. Ech mengen, dass d'Équipe an zwee oder dräi Joer e staarkt Team an Europa wäert sinn”.
<br

/> Ob en Heemspill wierklech vu Virdeel ass, bezweiwelt de Jeff Strasser awer: “Ech si mir zimlech sécher, dass méi bosnesch Fans do sinn, wéi lëtzebuergesch”. De blesséierten Kapitän féiert dëst awer op d'Aart a Weis ze spillen zeréck an de Fait sech weider ze entwéckelen. Fir dass Lëtzebuerg sech verännere kann, fuerdert de lëtzebuerger Profi grondleeënd Ännerungen, sou wéi Entwécklung a Verbindung mat Akademien a Frankräich, Däitschland an der Belsch. “Eng professionell Astellung ass den eenzege Wee fir d'Zukunft”, sou de Strasser.

Natierlech léisst de Jeff Strasser seng Équipe den Owend net am Stach a wäert si kräfteg ufeieren an hoffentlech dann erëm fit sinn am Match géint Frankräich. “Blesséiert sinn ass dat Schlëmmst fir e Spiller, ech emfannen et als schwiereg an immens frustrant. Ech muss waarden a nokucke wat geschitt. Ech hoffen , dass ech an dräi Woche nees fit sinn. Vu der Ersazbänk aus e Match ze kucken, dat geet méi un d'Nerven, wéi selwer ze spillen”. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn