Sunday 30 June 2024
Font Size
   
Tuesday, 09 March 2010 00:00

10 Joer Terres Rouge um Gaalgebierg dëse Weekend

Speziell fir Jubiläumseditioun vum “10 Joer Terres Rouges Festival” presentéiere sech zu Esch um Gaalgebierg ausschliisslech nëmmen Top Acts, dëst verdeelt op ganzer dräi Deeg.

En Highlight, op engem virprogramméierte sonnege Weekend, ass eendeiteg déi finnesch Rockband The Rasmus. Si wäerten eng eemoleg Best-of-Show um Gaalgebierg bidden. An dësem Joer stinn awer och nach weider Premieren um Programm vum Terres Rouges Festival: fir eng éischte Kéier trieden zum Beispill d'Musekerin Gabrialla Cilmi,

déi däitsch Indie-Rockband aus Berlin Jennifer Rostock an d'Melodic Indie Rockband The Parlotones op.

Nieft de villen internationale Kënschtler, wäerten natierlch och immens vill populär lëtzebuergesch Bands, wéi Angel at my Table oder Eternal Tango hiert d'Kënnen, wéi scho sou oft ënner Beweis stellen a d'Häerzer vun de ville Museksfans méi héich klappe loossen.

Absolut der Wäert de Festival ze visitéieren ass natierlech Sonndes den 5. September, mat folgendem Programm:

Angel at my table 12:30 Auer
Super heroes in ties 13:15 Auer
Martha 14:00 Auer
Eternal Tango 14:45 Auer
Jennifer Rostock 15:45 Auer
Die Atzen 17:00 Auer
the Parlotones 18:00 Auer
Stanfour 19:30 Auer
Gabriella Cilmi 21:00 Auer
the Rasmus 22:30 Auer

All Festival huet och iergendwann en Enn, beim Terres Rouges Festival ass dat um 23.45 Auer. De komplette Programm vun den dräi Deeg fënnt een hei. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn