News Grande Région (11343)
Erëm Feier am Schraasseger Prisong
D'Police deelt mat, datt aus onbekannter Ursaach um Donneschdegmueren géint 8.20 e Feier an enger Prisongszelle zu Schraasseg ausgebrach ass.
D'Pompjeeë vu Sandweiler konnte zesumme mat de Beruffspompjeeën vun der Stad de Brand relativ schnell läschen.
De Bewunner vun der Prisongszelle huet un enger Rauchvergëftung gelidden an gouf an d'Spidol bruecht.
Schnéichaos geet weider
Obwuel haut e schoulfräien Dag ass, sinn der immens vill mam Educatiounsministere generft, well eréischt no 6.30 um Donneschdegmueren décidéiert gouf, d'Schoulen zouzehalen. Op ville Plazen hunn d'Schüler awer op de Schoulbus gewaart well d'Neiegkeet ze spéit bei den Elteren ukomm ass.
Och vill Coursen vum Institut de Langues falen wéinst dem schlechte Wieder aus.
Um Findel wäerten all Flich, ausser zwee (Amsterdam a London) starte kënnen. Allerdéngs si