D'Offer vun ArcelorMittal läit 15,8 Prozent iwwer der Börsen-Schluss-Positioun vum 5. November an um 37,5 Prozent méi héich wéi dee vun Nunavut Iron Ore.
Fir ArcelorMittal passt en Iwwerhuelen vu Baffinland zu hirer Strategie, an där d'Entreprise hir eegen Minnen ausbaue wëllen, fir duerno onofhängeg ze ginn. Fir 4 Milliarden US-Dollar wëll de Konzern op Akafstour goen an dem Eisenierz-Ofbau bis 2015 vu momentan 50 op 100 Milliounen Tonnen verduebelen. Envoyer cet article par email
Authors: news352