Monday 01 July 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Japan: Toshiba lancéiert 3D Televisioun ouni Brëll

D'Kompetitioun um 3D-Televisiounsmaart intensivéiert. De Regza GL1 Series gëtt et säit e Mëttwoch ze kafen a soll mat engem LCD Ecran an engem Präis vun 119.800 Yen (1.100 EUR) d'Fans vum 3D unzéien.

Et brauch ee kee Brëll fir déi nei 3D Televisioun ze kucken, während bei aneren 3D Modeller e spezielle Brëll, deen als Filter d'Illusioun vun enger drëtter Dimensioun erëmgëtt, néideg ass. Dëse Brëll

gëtt awer oft vu Benotzer als Behënnerung bezeechent.

D'Toshiba Ecranen benotzen eng Veraarbechtungstechnologie déi Biller mat enger gewëssener Déift kreéieren. Benotzer kënnen och tëscht 2D an 3D Programmer wiesselen. E Modell mat engem '12-Inch' (30,48 cm) Ecran gëtt um Samschdeg lancéiert.

'Den Ament gesinn d'Clienten 3D Biller als extra Fonctioun... mä et gëtt erwaart, datt 3D schlussendlech de Standard gëtt', sou den Toshiba Handelsvertrieder Eiichi Matsuzawa.

Foto © AFP

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn