Sunday 29 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 July 2010 00:00

5.000 Euro fir deen, deen de François Thillman erëmfënnt

Trotz deenen zuelräichen Zeienopruffer, der Diffusioun vu senger Foto an de franséische Spideeler, der Recherche vun der Police an den Internet-Annoncen, gëtt et keng Spuer vum 28-järege François Thillman.

Säi Papp, de Romain Thillman, huet décidéiert eng Belounung vun 5.000 Euro un déi Persoun ze ginn, déi den Hiweis gëtt deen zur Entdeckung vum François sengem Openthalt féiert. 'All serieuxen Hiweis geet fir d'Iwwerpréifung un d'Police a gëtt op

confidentieller Art a Weis traitéiert. D'Belounung gëtt just iwwerwisen, wann de François erëmfonnt ass', huet hie präziséiert.

D'Frënn an d'Famill vum François (oder 'Frenz') Thillman siche säit bal engem Mount verzweiwelt no him. Hien ass an der Nuecht vum 10. op den 11. Dezember zu Paräis no enger Party verschwonnen. Hie gouf fir d'lescht géint 4 Auer Moies gesinn, wou hien bei der Dir vun engem Onbekannte geschellt huet. Den Angaben no hat hien eng bluddeg Wonn am Gesiicht, säi Brëll war futti an hie war staark alkoholiséiert. Et gëtt gefaart, datt hien agresséiert gouf oder an engem Accident verwéckelt war.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn