Sunday 29 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 July 2010 00:00

China méiglecherweis hanner Spionage bei Renault

'Renault verdächtegt e chineseschen Informant' huet d'Zeitung Le Figaro um Donneschdeg bericht. Och di franséisch Geheimdéngschter géifen di chinesesch Spuer fir di wahrscheinlechst halen.

D'Informatiounen zum Elektroauto, de Virweiseprojet vu Renault, goufen angeblech iwwer Mëttelsmänner verkaf. D'Entreprise huet um Méindeg dräi Manager suspendéiert, déi laut de Presseberichter Detailer zu der Batterie an zum Moteur vun den

Elektroautoe weiderginn hunn.

Renault, deen d'Uklo géint d'Manager ugekënnegt huet, huet zesumme mam japanesche Partner Nissan 4 Milliarden Euro an d'Entwécklung vum E-Auto investéiert. 1,5 Milliarden dovunner sinn an d'Entwécklung vun der Batterie gefloss.

China verfollegt den Ament en ambitiéisen E-Auto-Programm. Eréischt Enn Oktober hat d'Regierung erklärt, datt d'Autoen d'Zukunft vun der chinesescher Autoindustrie wieren.

Fir d'Industriegeheimnisser vu Frankräich an Zukunft besser ze schützen plangt d'Regierung en neit Gesetz. Frankräich ass zesumme mat senge japanesche Partneren de Leader an der Entwécklung vum Elektroauto a fäert, dëst Roll ze verléieren. Den Industrieminister Eric Besson huet vun der Angscht virun engem 'economesche Krich' geschwat.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn