Tuesday 01 October 2024
Font Size
   
Friday, 01 October 2010 00:00

ETA annoncéiert permanent Wafferou, mä Spuenien bleift skeptesch

Dëst ass di éischt unilateral Deklaratioun vun enger permanenter Wafferou gewiescht. D'Campagne vu Bommenattentater an Attacke vun der ETA huet iwwer 829 Leit hir Liewe kascht.

'D'ETA huet decidéiert, eng permanent a generell Wafferou ze deklaréieren, wat vun der internationaler Communautéit iwwerpréifbar wäert sinn', huet d'Organisatioun an enger Text- a Videodeklaratioun gesot, 'Dëst ass eng fest Verpflichtung fir eng Resolutioun a fir de Schluss vum bewaffnete Konflikt'.

E

Video weist dräi ETA Memberen, déi wäiss Kaputzen a schwaarz Bereten droen an un engem Dësch sëtzen währenddeems si d'Ausso op Baskesch a Spuenesch virliesen.

Inneminister an deputéierte Premier Alfred Perez Rubalcaba huet awer gesot, datt all Regierungen a Parteien an der spuenescher Demokratie en onwiderrufleche Schluss zu der ETA Gewalt verlaangen. 'Et ass erëm evident, datt si net gemaach hunn, wat di demokratesch Parteie gehofft hunn', sot hien.

ETA hat am Mäerz 2006 eng Wafferou annoncéiert. Mä am Dezember vum selwechte Joer hunn ETA Kämpfer eng Bomm an engem Parking vum Madrid-Barajas Fluchhafen gezünt. Dobäi ware 2 Männer ëm d'Liewe komm. Sechs Méint duerno huet d'Organisatioun d'Wafferou zeréckgezunn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn