Di islamistesch Terroriste plange fir Enn November en Uschlag op Däitschland. Inneminister Thomas de Maizière (CDU) huet haut an enger Pressekonferenz vun der Terrorgefor an Däitschland gewarnt.
Di däitsch Police huet direkt op d'Gefor reagéiert an ass an Alarmbereetschaft. D'Police well haaptsächlech hir Präsenz an de Grenzgebidder erhéijen.
Den Informatiounen vun der däitscher Police no sinn
och d'Grenzen tëscht Däitschland, Lëtzebuerg an der Belge betraff.
D'Autoe sollen kontrolléiert ginn. Garen a Fluchhäfen ginn méi intensiv bewaacht wéi soss.