Sunday 07 July 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

WikiLeaks: Eischt Zeilen iwwer Lëtzebuerg

Dëst ass deen éischte private Rapport, dee sech op d'US-Botschaft zu Lëtzebuerg bezitt. Et sollen der am ganzen 168 Dokumenter ginn.

An engem Dokument vum 15. Januar 2010, Code '10LUXEMBOURG5', gëtt d'Renconter tëscht Ausseminister Jean Asselborn an een Ex-Prisonnéier vu Guantanamo evoquéiert. Den Ex-Prisonnéier Moazzam Begg ass een Englänner aus pakistanescher Herkunft deen am Joer 2002 am Pakistan festgeholl gouf an doropshin op Guantanamo

transferéiert gouf. Am Januar, dräi Joer no senger Verhaftung, ass hien op Lëtzebuerg komm, fir den Asselborn z'iwwerzeegen, aner Guantanamo Ex-Prisonéieren unzehuelen a méi wéi nëmmen finanziell Ënnerstëtzung zur Verfügung ze stellen.

Obwuel iwwer d'Renconter an de Medie bericht gouf, ginn d'Presseberichter am Rapport kritiséiert: 'D'Medie waren an der Asselborn-Begg Renconter omnipräsent, mä iwwerflächlech'.

De Begg war spéider op eng Virféierung vum Film 'Taxi to the Dark Side', déi vun Amnesty International organiséiert war. Den Dokumentarfilm ass eng Attack op d'Presidentschaft vum Bush an den Abus vu de Prisonnéier vu Bagram, Abu Ghraib a Guantanamo. De Rapport betount, datt keng Journalisten, Diplomaten, oder aner Regierungsrepresentanten ënner de 100-150 Zuschauer waren.

p { margin-bottom: 0.21cm; }

Et gëtt och präziséiert, datt während der Diskussiounsronn um Enn vun der Projektioun am Utopia, 'd'Angscht an d'Skepsis' am Publikum z'erkenne waren.

De Rapport beschléisst, datt trotz dem Begg sengem Optimismus d'Ministeren weider hir finanziell a logistesch Ënnerstëtzung fir d'Zoumaachen vum Guantanamo Bay Prisong betounen, mä ouni Ex-Prisonnéier zu Lëtzebuerg unzehuelen.

Den Dokument gëtt et hei bei WikiLeaks ze liesen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn