Jeudi 27 Juin 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Südkorea preparéiert grousse militäreschen Exercice

De 'live-fire' Exercice, dee fir en Donneschdeg geplangt ass, soll eng Muechtdemonstratioun sinn. Scho virun engem fréieren Exercice hat déi nordkoreanesch Regierung bedrot, Südkorea erëm z'attackéieren. Bis elo sinn dat just Spréch gewiescht.

International Observateure soen, datt déi konservativ Regierung vu Südkorea eng militäresch Demonstratioun als néidegen Ofschreckungsmëttel géint eng nei Attack gesäit.

Obwuel scho vill ähnlech Evenementer an der nämmlechter Géigend stattfonnt hunn, ass d'Tensioun dëst Kéier vill méi héich. Zu Seoul gëllt Héichalarm well d'Regierung mat enger méiglecher Attack aus dem Norden rechent.

'Wann ee sech entspaant, sech net virbereet a probéiert, mat de Nordkoreaner fein ze sinn, dann hale si ni op', sot den Daniel Pinkston, Expert vun der International Crisis Group zu Seoul.

Foto © AFP – E südkoreanesche Schëff nobäi der Yeonpyeong Insel um Mëttwoch 22. Dezember 2010

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn