Jeudi 27 Juin 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Iwwerschwemmungen erëm virgesinn

De Verkéier schéngt de Normalstand erreecht ze hunn, mä do kënnt am Plaz e neie Problem: Ze vill Waasser.

D'Rue de Gondrange zu Buerglënster ass zougemaach ginn well d'Strooss geféierlech glëtscheg ass. Iwwerall am Land gëllen ähnlech Konditiounen. Virun allem schmëlzt de Schnéi, dee plazeweis um Weekend 70cm erreecht huet, dank der Temperaturännerung. Et gëtt erwaart, datt de Pegel vun der Musel an der Sauer

däitlech an d'Luucht geet.

De Waasserniveau vun der Musel zu Réimech huet haut 4,34 Meter erreecht a 5,08 zu Stadbriedemes. D'Flëss si bis elo nach net um Iwwerschwemmungsniveau ukomm, mä si wäerten am Laf vun der Woch weider klammen.

Déi, déi an deenen betraffene Géigende wunnen oder schaffen, solle www.inondations.lu regelméisseg consultéieren.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn