Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

De Sarkozy wëll dem däitsche Steiersystem nomaachen

Um Dënschdegowend huet de Sakozy an engem Interview fir dräi Fernsehsender eng 'nei Besteierung' vum Akommen a vum Verméige betount. De Staatschef huet dobäi explizit op d'Virbild vun Däitschland ugewisen, wou et kéng Verméigenssteieren a keen Deckel op d'Héchstbesteierung vum Akomme gëtt.

D'Zill wier eng nei Steierzone mat vergläichbare Kompetitivitéitsbedingungen, sot de Sarkozy. Hie kéint zwar franséisch Kompetitivitéitsdefiziten zu Länner wéi China oder Indien verstoen, awer

net am Bezuch zu Däitschland, de wichtegste Partner fir Frankräich. 'De Wettbewerbsdefizit ass net akzeptabel', huet hie gesot. Kapital an Aarbechtsplazen dierfte net méi vu Frankräich auswanderen.

De Sarkozy huet domadder indirekt fir d'Ofschafung vun der Verméigenssteier an en Deckel op der Héchstbesteierung vum Akomme bei 50 Prozent geäussert. De President huet betount, hien hätt léiwer, datt d'Akommen an de Gewënn aus Verméige besteiert ginn.

Iwwert eng Steierreform soll zu Paräis nächst Joer entscheet ginn. De franséische Rechnungshaff erstellt zu dësem Ugläichen un den däitsche System bis Fréijoer e Bericht.

Steiererhéijungen am Bezuch op den Haushaltsdefizit huet de Sarkozy awer ausgeschloss.

De franséische Staatschef, dee säit e puer Deeg och d'Presidentschaft vun de G20 huet, huet erneiert eng Finanztransaktiounssteier gefuerdert. Frankräich kéint hei e Beispill ginn, sou de Sarkozy. Et wier néideg, eng Entwécklungsstrategie an Afrika ze finanzéieren.

'E Scheiteren vun Afrika wier en Drama fir ganz Europa, virun allem am Bezuch op Awanderungsprobleemer', huet hien zougefügt. Fir d'G20-Presidentschaft huet Frankräich d'Reform vum Weltwährungssystem, souwéi d'Andämmen vun der Spekulatioun um Réistoff- a Liewensmëttelmaart, zu enger Prioritéit erklärt. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn