Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Rose Ryanair Passagéiere protestéieren 4 Stonne laang am Fliger

Si hu carrément refuséiert, de Fliger ze verloossen nodeems hire Fluch op Léck, am Plaz vu Beauvais a Frankräich, ëmgeleet gouf.

D'Passagéier, gréisstendeels franséisch Touristen déi nobäi Paräis lande sollten, waren um Wee zeréck aus Marokko. Si hu refuséiert aus dem Fliger erauszekommen, esouguer nodeems all d'Employéeën vun der Fluchgesellschaft d'Maschinn am Fluchhafen zu Léck verlooss hunn.

De Reda Yahiyaoui, dee mat senger Fra, mat hirem 2-Méint-ale

Bébé an 3-järege Kand ënnerwee war, sot d'Passagéiere hätte kee Waasser gehat an datt d'Toiletten um Fliger zougespaart waren.

'De Pilot huet de Fliger verlooss an huet dobäi esouguer d'Dier vum Cockpit opgelooss' sot hien.

No Stonnen vu Negociatioune mat den opgereegte Passagéieren, hunn d'Autoritéiten si endlech iwwerzeegt, de Fliger ze verloossen an am Gebai vum Fluchhafen op Busser ze waarden, déi si op hir originell Destinatioun solle féieren.

Passagéieren um Fliger hunn zu AFP gesot, de Fluch hätt Fes, am Marokko, mat dräi Stonne Verspéidung um 19.15 Auer um Dënschdegowend verlooss, mä konnt net zu Beauvais, a Frankräich, landen, well de Fluchhafen an der Zwëschenzäit zougemaach gouf.

De Fliger ass um 23.30 Auer zu Léck gelant. D'Passagéieren sinn eréischt um 3.30 Auer Moies erauskomm.

'Dëst ass inakzeptabel' sot d'Mylene Netange, Directrice vun engem Netzwierk fir d'sozial Responsabilitéit vu Firmaen, 'De Fliger ass net zu Beauvais mä zu Léck gelant, ouni eis ze warnen. Mir hunn als Konsequenz refuséiert de Fliger ze verloossen.' Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn