Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

LCGB: D'Regierung muss un d'Patienten denken

Am Communiqué ginn d'Auswierkungen vun der Aktioun kritiséiert. De Grupp fuerdert, datt d'Regierung direkt eng Léisung zum Konflikt am Gesondheetssecteur fënnt.

Den LCGB betount weider, datt d'Patienten äusserst kuerzfristeg informéiert ginn, ob hir geplangten Operatioune duerchgeféiert ginn oder net. 'Dëst féiert zu enger onhaltbarer Situatioun, a zum Laascht vun de Kranken', sou den LCGB.

Ëmmerhin ginn et scho Verzögerunge bis 4 Méint bei medizinesche

Behandlungen. 'Wann d'AMMD hir Streikaktioun weiderféiert, dann wäerten d'Spideeler gezwonge sinn, Kuerzaarbecht ze beoptragen', huet den LCGB ënnerstrach.

De Gewerkschaftsbond ënnersträicht, datt d'Lëtzebuerger Regierung dofir suerge muss, datt 'déi aktuell Situatioun esou schnell wéi méiglech zu engem Enn kënnt'.

De Grupp weist op de Risiko hin, datt vill Leit riskéieren, hir Aarbechtsplazen ze verléieren, wann se wéinst verzogërte Behandlungen iwwer 26 Wochen net kënne schaffe goen. Wien iwwer 26 Wochen um Stéck net op d'Aarbecht kënnt, ass virun der Entloossung net geschützt. 52 Wochen Absence féieren souguer zu enger automatescher Entloossung.

De Parlament soll um 16. Dezember d'Gesondheetsreform approuvéieren. D'AMMD huet Wëlles, d'Streikaktioun weider ze féieren, bis am Projet eng akzeptabel Léisung fonnt ginn ass.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn