Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Héijen Alarm: Südkorea vun Nordkorea beschoss

Eng 50 nordkoreanesch Artillerien sinn op der südkoreanescher Grenzinsel Yeonpyeong gelant an hunn Dosende vun Haiser beschiedegt.

Ee südkoreaneschen Zaldot ass dobäi ëm d'Liewe komm, sou en Arméisspriecher. Et goufen 13 Zaldoten blesséiert. De koreanesche Sender YTN huet bericht, datt 2 Zivilisten och blesséiert goufen.

'Eng nordkoreanesch Artellerie-Unitéit huet eng illegal Provokatioun

géint 14.34 Auer (05.34 GMT) ausgeféiert. Déi südkoreanesch Truppen hu sech direkt verteidegt an hunn zeréckgeschoss', sou ee Regierungsspriecher zu Agence France Presse, 'E militäreschen Alarm vun der Klass A fir Konfliktsituatiounen gouf direkt ageféiert'.

Een Awunner vun der Insel huet zu YTN gesot: 'Op mannst 10 Haiser sinn am gaangen ze brennen. Ech kann den Damp kloer vun hei gesinn. D'Bierger sinn och am gaangen ze brennen. Mir kruten iwwer Lautsprecher gesot, mir sollte vun eisen Haiser flüchten'.

De Kampf ass de serieuxste Virfall säit dem Krich vun 1950-53. D'Regierung vu Südkorea huet sech an engem ënnerierdesche Krichsraum versammelt.

De Virfall kënnt no der Annonce vu Nord Korea vun engem operationellen Uran-Uräicherungsprogramm, eng potentiell Art a Weis eng nuklear Bomm ze bauen, wat d'USA a seng Partnere serieux alarméiert huet.

Relatiounen tëscht Nord- a Südkorea sinn säit dem Senken vun engem südkoreanesche Krichsschëff am Mäerz däitlech ugespaant. D'Regierung zu Seoul huet gesot, d'Katastrof wier d'Resultat vun enger nordkoreanescher Torpedo-Attack gewiescht. Pyongyang huet d'Accusatioun ofgestridden.

Am spéiden Oktober war et zu engem Schosswiessel tëscht nord- a südkoreaneschen Truppen bei der Grenz komm.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn