Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Vakanzefal Spuenien wéinst Generalstreik

Duerch déi nei Aarbechtsmaartreform ass ënner anerem de Kënnegungsschutz gelackert. Déi sozialistesch Regierung vum Ministerpresident  José Luis Rodriguez Zapatero hat dëst alleng ausgeschafft, nodeems d'Gespréicher mat de Gewerkschaften an de Patronater schief gaang waren.

Viru ronn dräi Wochen hat d'Parlament déi ëmstridde Reform accordéiert. Si gelt als eng vun de wichtegste Schrëtt fir déi spuenesch Wirtschaft ze verbesseren. Den Zapatero huet dann och ausgeschloss, dass d'Gesetz

zeréckgezu gëtt. Deemno ass et elo zum éischte Generalstreik zanter 2002 komm. 

Fir d'Touristen, déi den Ament a Spuenien, sief et op der iberescher Hallefinsel, de Balearen oder de Kanaren, setzen, heescht et Gedold hunn. Flich si gestrach oder verréckelt ginn, Busse fueren och net a sämtlech ëffentlech Ämter bleiwen zou. Bannent der EU komme nëmme nach 20 Prozent vun de Flich zustan, op Interkontinentalflich héchstens 40 Prozent.

Nach ass onkloer, wéi staark d'Bedeelegung wäert sinn. Ëmfroe no steet d'Majoritéit vun der Bevëlkerung hannert dem Streik, ma nëmmen 18 Prozent vun de Spuenier iwwerleeën, tatsächlech op d'Strooss ze goen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn