Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Zweete Bommenalarm géint Äifeltuerm

Beim Bedreiwer vum Äifeltuerm wier géint 18.40 Auer en Uruff agaang, an deem vun engem Bomm gewarnt ginn ass, sou e Policespriecher um Dënschdenowend. Ronn zwou Stonne méi spéit ass de Bommenalarm opgehoff ginn an den Äifeltuerm war erëm op fir d'Visiteuren.

Beim Paräiser Wurzeeche ware Spezialunutéiten am Asaz, fir den Terrain ze sécheren. Ronderëm den Tuerm ass kuerzzäiteg de Verkéier ënnerbrach ginn an, an engem Ëmkrees vun 300 Meter si sämtlech Leit zeréckgedrängt ginn.

Den Donnéeë vum AFP-Reporter no, hunn d'Touriste mat Versteesdemech regéiert.

Scho virun zwou Woche war den Äifeltierm wéinst enger Bommemenace geraumt ginn. D'Police hat do ronn 2.000 Mënschen a Sécherheet bruecht, déi sech um Tuerm an, an der Géigend opgehal haten. Spéider huet sech d'Menace a Feelalarm rausgestallt.

An der vergaangene Wochen haten déi franséisch Sécherheetsämter vun enger konkreter Terrorgefor gewarnt. “D'Menace ass reell, eis Iwwerwaachung ass verstäerkt ginn”, hat den Inneminister Brice Hortefeux erkläert. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn