Mardi 02 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Nei Wikileaks: Teflon-Merkel, Alpha-Dog Putin, Kaiser ouni Kleeder Sarkozy... an aner Anekdoten

D'Internetplatform Wikileaks huet um Sonndeg méi wéi 250.000 Dokumenter vun US-Diplomaten an der ganzer Welt verëffentlecht. Verschidden Zeitungen beriichten am Detail iwwer d'Dokumenter, an deenen d'Detailer aus vertrauleche Gespréicher, souwéi perséinlech Aschätzungen iwwer Politiker, enthale sinn. D'Wäisst Haus huet d'Fräigab schaarf veruerteelt.

Den afghanesche Präsident Hamid Karsai gëtt als 'schwaach Perséinlechkeet'

beschriwwen a vun 'Paranoia' a 'Verschwörungsvirstellungen' gedriwwen.

De Putin gëtt dobäi als «Alpha-Rüde» bezeichnet, de Präsident Dmitri Medwedew als 'blass' an 'zögerlech'.

D'Angela Merkel gëtt bemierklech als 'Teflon-Merkel', well vill vun hir ofspréngt, 'wéineg kreativ' a 'risikoschei' beschriwwen. Den Ausseminister Guido Westerwelle als inkompetent, eitel, US-kritesch an aggressiv. De franséische Staatschef Nicolas Sarkozy gëtt als 'Kaiser ouni Kleeder' bezeechent.

Vum libesche Revolutiounsführer Muammar al-Gaddafi gëtt gesot, datt hien ni ouni eng 'vollbüsig' ukrainesch Krankeschwëster reest.

Den italienesche Ministerpräsident Silvio Berlusconi, deen an de Berichter vun den US-Diplomaten wéinst sengem ausschwäifende Liewensstil kritiséiert gëtt, huet sech offenbar amuséiert. Den Angaben no hätt hien 'gutt gelaacht', wou hien iwwer den Inhalt erausfonnt huet, sou déi italienesch Noriichtenagence Ansa. Déi britesch Zeitung 'Guardian' bericht, datt US-Diplomaten de Berlusconi als 'inkompetent, opgeblosen an ineffektiv' beschreiwen.

De verëffentlechten Dokumenter no hätt den iranesche Revolutiounswächter Mohammed Ali Dschaafari den Präsident Ahmadinedjad attackéiert an an d'Gesiicht geschloen, well sech de konservative Staatschef iwwerraschend fir méi Pressefräiheet agesat huet.

Niewebäi de Lästergespréicher bezéie sech d'Dokumenter och op serieux politesch Prozesser. Israel souwéi déi arabesch Verbündete hätten d'USA zu engem Militärschlag géint Teheran gedrängt. De saudesche Kinnek Abdullah hätt dobäi verlaangt, 'der Schlaang de Kapp ofzeschloen'. Bahrain an Ägypten hätten ähnlech Meenunge vertrueden, sou de Guardian. Der britescher Zeitung no hätt USA och versicht, d'Féierung vun den United Nations auszespionéieren.

Dobäi mengen d'US-Diplomaten, datt Nordkorea Iran mat moderne Rakéiten beliwwert huet, déi esouguer Europa erreeche kéinten, sou d'New York Times. An engem Dokument aus dem Joer 2007 huet Teheran vun Pyongyang 19 Rakéiten kritt, déi mat Atomsprengkäpp ausgestatt waren, an eng Distanz vun 3000 Kilometer erreeche kéinten.

Et gëtt virun allem gefaart, datt d'Verëffentlechung d'Relatiounen tëscht den USA a verschiddene Länner beaflossen oder esouguer verschlechtere kéint.

Et kéinten esouguer Informatiounen iwwer Lëtzebuerg erauskommen. Dem Tageblatt no stamen 168 Berichter aus der US-Botschaft zu Lëtzebuerg.

Wikileaks hat am leschte Juli 77.000 Dokumenter zum Afghanistan-Krich zougänglech gemaach. Doropshin goufen am Oktober huet eng 400.000 geheim Ënnerlagen aus dem Pentagon zum Irak-Krich verëffentlecht.

Foto: Wikileaks-Grënner Julian Assange (AFP)

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn