D'Präisser fir de Kotteng sinn esou héich, 'datt d'Präisser an der Branche an d'Luucht wäerte goen', sou den H&M Chef Karl-Johan Persson zu der Zeitung 'Handelsblatt'. Niewt de Réistoffkäschte hätte sech awer och d'Transportkäschten an d'Salairen an de Produktiounslänner vun Asien oder an der Türkei erhéicht. Bei H&M selwer kéinte 'vill' Liwweranten hir Produktiounskapazitéit net erhéijen.
Persson huet gesot, datt d'Moudeindustrie ville Facteuren ausgesat ass. Et géing H&M ähnlech goen. Am Zeeche vun der Wirtschaftskrise hätt H&M mat insgesamt 2000 Filialen an 38
Länner an der Lescht manner Geschäfter opgemaach, wéi an normalen Zäiten.
D'Zil wier awer, pro Joer tëscht 10 a 15 Prozent nei Geschäfter opzemaachen. 2011 géif H&M dëst Zil erreechen.