Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Éischt Biergleit am Chile gerett (Video)

No méi wéi zwee Méint ënnert der Äerd, sinn déi éischt vun den insgesamt 33 verschotte Biergleit an der Minn San José an enger Rettungskapsel un d'Äerduewerfläch zeréck. Honnerte Familljemembere vun de Biergleit hunn dës Noriicht als Wonner gefeiert.

Nach ni hu Mënschen sou laang ënner Deeg iwwerlieft, wéi déi als “Déi 33” berühmte Biergleit am Chile. Bei der mat Spannung erwaarte Rettungsaktioun huet den 31-jäerege Gruefaarbechter Florencio Avalos den

Ufank gemaach. Hie war den Éischten, deen an déi véier Meter laang Rettungskapsel “Phönix 2” geklommen ass. Wéi hien no bal zéng Wochen am Biergwierk un d'Uewerfläch zeréckkomm ass, hunn honnerte Familljememberen a Frënn vun de Biergleit gejaut vu Freed a si vun Erliichterung a Tréinen ausgebrach.

Och de Mario Sepulveda ass eng gutt Stonn méi spéit mat vill Freed emfaange ginn, wéi hien ouni Problemer aus der Kapsel geklotert ass. Hie war der Ëffentlechkeet duerch vill Videoe bekannt ginn, an deenen hien iwwert d'Liewe vun de verschotte Kumpel bericht hat. “China soll héichliewen”, huet hien haart gejaut, ass voller Freed aus der Kapsel gesprongen an huet de Rettungsleit d'Hänn gerëselt.

D'Reiefolleg, an där all eenzelen Aarbechter aus dem Biergwierk soll gebuerge ginn, war vun der Asazleedung festgeluegt ginn. Dobäi huet de Grondsaz gegëllt, fir d'éischt déi geeschteg méi fit Persounen no uewen ze transportéieren. Si hätten op eventuell Problemer an der Kapsel besser reagéiert, elo sollen déi méi schwaach an zum Schluss déi kierperlech Stäerkst op d'Uewerfläch zeréckkommen. Pro Persoun muss mat enger Stonn fir d'Rettung gerechent ginn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn