Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Serbesch Fans suerge fir Spillofbroch (Video)

Nodeems den EM-Qualifikatiounsmatch Italien géint Serbien an der italienescher Stad Genua ofgebrach ginn ass, hu vill serbesch Fans sech net berouegt kritt a sinn ausgeflippt. Den Donnéeë vun der italienescher Police no, sinn 14 Persoune bei den Ausernanersetzunge blesséiert ginn.

Déi schwéierst Verletzungen huet e Polizist duerch eng Explosioun vun engem Feierwierkskierper viru sengem Gesiicht dervugedroen. Déi italienesch Police hätt d'Situatioun och eréischt an de fréie Moiesstonnen an de Grëff kritt,

wéi si déi serbesch Fans op engem Parking an der Géigend vum Stadion zesummegedriwwe kritt haten. Op mannst 17 Randaléierer si verhaft ginn.

De serbesche Verbandspresident Tomislav Karadzic bezeechent d'Verhale vu senge Landsleit als Schan an en Ugrëff op hire Staat. D'Partie Italien – Serbien hat scho no sechs Minutte missen ofgebrach ginn. D'Situatioun war ausser Kontroll geroden, nodeems den Italiener Goalie Emiliano Viviano vun enger Feierwierkskierper getraff gi war.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn