Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Frankräich entgeet enger Blamage géint Lëtzebuerg

Wéi erwaart waren déi Rout Léiwen en Dënschden ënnerleeën an hu virun 25.000 Spectateuren am ausverkaafte Stadion zu Metz eng Néierlag géint d'Équipe Tricolore aus Frankräich missen astiechen. Zum Schluss huet et awer just 2:0 geheescht, ma et muss een op där Plaz betounen, dass d'Fransousen net besser wéi néideg gespillt hunn a sech alles anescht wéi an Topform presentéiert hunn.

Bei der 2:0-Victoire géint de laang Zäit an der Ënnerzuel spillenden Aussesäiter

Lëtzebuerg, konnte sech deemno just de Karim Benzema (22.) an de Yoann Gourcuff (76.) an d'Lëscht vun de Goaler androen. Iwwerdeems hat de lëtzebuerger Kapitän René Peters an der 54. Minutt missen d'Giel-Rout Kaart a Kaf huelen.

D'Réckspill tëscht Lëtzebuerg a Frankräich ass fir den 25. Mäerz, dës Kéier am Grand-Duché geplangt. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn