Dimanche 07 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

D'Missioun Integratioun muss weidergoen

“Duerch déi vill Gespréicher mat Lëtzebuerger a Net-Lëtzebuerg, ass mir opgefall, dass ganz oft e gewësse Problem beim Zesummeliewen tëscht deenen Zwee besteet”, huet de Laurent Mosar, President vun der Chambre des Députés erkläert, dee gëschter seng éischt Sëtzung no der Rentrée ofgehalen hat.

Et ass kloer, dass hie fir d'éischt sämtlech méi sensibel Gesetzesprojeten wéi de Budget 2011, d'Reform am Gesondheetswiesen, d'Reform iwwert den Avortement an d'Adoptioun

an d'Bestiednes vun homosexuelle Koppelen ugeschwat huet. Ma fir hien ass kloer, dass an engem Punkt enorme Verbesserungsbedarf besteet. Am Bezuch op d'Integratioun ass a sengen Aen net alles perfekt.

D'Aféierung vun der duebeler Nationalitéit war e richtege Succès an elo wier et un der Politik och d'lëtzebuerger Vollek, ma virun allem déi méi eeler Leit ze iwwerzeegen. Dem Laurent Mosar no, di sech besonnesch eeler Persoune méi schwéier sech an der kosmopolitescher Gesellschaft vu Lëtzebuerg zurecht zefannen.  “Grad an der Zäit vun der Kris, sollte mir net vergiessen, dass mir ouni d'Net-Lëtzebuerger dëse wirtschaftlech héije Niveau net erreecht hätten, deen eis elo erlaabt besser aus dem Misère erauszekommen”, ënnersträicht de Chamber-President. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn