Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

ArcelorMittal stellt 2011 nei an

Wie behaapt de Sozialdialog an enger Firma géif ëmmer schlecht ausgoen, deen ass gëschter enges Besseren beléiert ginn. D'Direktioun vum wichtegsten Employeur zu Lëtzebuerg, ArcelorMittal hat sech gëschter mat de Gewerkschaften zesummegesat, fir iwwert den Accord Lux 2011 ze diskutéieren, deen si virun zwee Joer zesummen ënnerschriwwen haten.

Den Text ass zu kengem Zäitpunkt vun de Verhandlungen a Fro gestallt ginn, ma ass souguer e Schratt méi wäit gaang. D'Gewerkschaften an d'Patronater envisagéieren och

fir déi kommend Joeren en ähnlechen Accord ze ënnerschreiwen.

Dem Accord vun 2008 no, sollen 660 Aarbechtsplazen bis Enn 2011 am Produktiounssecteur ofgebaut ginn. Allerdéngs wëll ArcelorMittal dës Zuel op kee Fall erhéijen. Dem John Castegnaro no, President vun der ASBL Sidérurugie, huet d'Direktioun ganz am Contraire geplangt nei Leit am kommende Joer anzestellen, fir sou déi natierlech Départen ze kompenséieren. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn