Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Die 4. Revolution - e Film fir eng gréng Zukunft

D'Nofro no Energie ass eng vun de wichtegsten Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert. Kuel an Atomenergie hu keng Zukunft méi, Energieverschwendung muss gestoppt ginn. Energiepolitik spillt an eisem innovativen a sozial responsabelem Wirtschafts- a Gesellschaftsmodell eng zentral Roll.

De grénge Modell fir d'Zukunft vun “déi Gréng” an der “Green New Deal” vun der grénger Fraktioun am Europaparlament schaffen an dës Richtung. D'Stroum- a Waasserversuergung op 100 Prozent erneierbar Energie ëmstellen, ass deemno

hir Viraussetzung.

Dëst ass och am Interessi vu Lëtzebuerg

Nëmme sou kann een eis national Energiepotentialer konsequent notzen, d'Energiepräiser op engem sozial acceptabelen Niveau halen an déi grouss Ofhängegkeet vun Energieimporten reduzéieren. Nëmme sou kënnt een dem Klimaschutz méi no.

Den ausgezechenten Dokumentarfilm “Die 4. Revolution” vum Carl-A. Fechner weist ganz beandrockend Biller zum Thema Energieversuergung, déi eigentlech zu 100 Prozent als erneierbar Energie ëmsetzbar ass. Eng Energie, déi de Räichtum besser verdeelt, d'Demokratie stäerkt an eist Klima rette kann.

Fir eng éischte Kéier gëtt dëse Film, um Niveau vun der neier Campagne “Faarf bekennen” vun déi gréng, och zu Lëtzebuerg gewisen. Den Entrée ass fräi an de Film dauert 83 Minutten an däitscher Sprooch.

Fir weider Informatiounen, einfach hei klicken. Den Trailer kann een op www.4-revolution.de bewonneren. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn