Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Déi Gréng: De Jeannot Krecké ass e bëllegen Opportunist

“Lëtzebuerg ass beléift a China. Mir waren déi Éischt, déi diplomatesch Bezéiunge mat China ageholl hunn, a mir maachen hinne keng Problemer”, sou de lëtzebuerger Wirtschaftsminister Jeannot Krecké vis-à-vis vum RTL bei der Weltausstellung zu Shanghai. Mat der Ausso, “dat wier, wéi wann ee mech op d'Zoustänn am Prisong zu Schraasseg géif uschwätzen, da géif ech deen och un den zoustännege Ministerkolleg verweisen” betount hien als Wirtschaftsminister ganz einfach net

zoustänneg ze sinn, fir däraarteg Diskussiounen, ma fir déi Gréng ass dëst puren Zynismus.

Fir déi Gréng ass kloer, dass de Jeannot Krecké déi mënscherechtswiddreg Politik a China einfach ausser Uecht léisst a sech nëmmen un de reng wirtschaftlech Aspekter an der Bezéiung vu China a Lëtzebuerg festhält. Fir d'Oppositiounspartei ass et onbegräiflech, dass déi ëmstridden Thematik zu der Haltung vun der chinesescher Regierung géigeniwwer dem Friddensnobelpräisdréier Lui Xiaobo, deen a China wéinst senger onerlaabter Meenungsfräiheet inhaftéiert ass, net wéinstens kuerz opgegraff ginn ass.

Déi Gréng bezéie sech an hirem Bréif och op en Amtskolleg aus Däitschland, dee kloer erkläert huet, sech bei engem Besuch fir den inhaftéierte Lui Xiaobo an d'Mënscherechter wëllen anzesetzen. D'lëtzebuerger Partei kann an dem Fall nëmmen zu n enger Konklusioun kommen: de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké huet manner Réckrat, wéi den däitschen, liberale Wirtschaftsminister.

De Fraktiounschef Abbes Jacoby dréckt sech a sengem Bréif, deen hien och ëffentlech un d'Press geriicht huet kuerz a knapp aus. Hie bezeechent de Krecké “einfach e bëllegen, ganz bëllegen Opportunist”. Zum Schlusswuert seet de Jacoby och nëmme nach: “Ech schumme mech fir hien a fir Lëtzebuerg”. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn