Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Den Aarmutsrisiko klëmmt och zu Lëtzebuerg

Engem aktuelle Bericht vun der Statec no, gëtt de Risiko ëmmer méi grouss, dass eng Persoun zu Lëtzebuerg vun engem Moment op deen aneren an d'Aarmut ofrëtsche kann. Leider ass dëst och am Grand-Duché keng Seelenheet méi, sech no un der Aarmutsgrenz ze beweegen.

Alleng am Joer 2009  waren ëmmerhin 14,9 Prozent vu sämtlechen Haushalten vun der Aarmut betraff, am Joer 2008 loung dësen Taux nëmme bei 13,4 Prozent. Besonnesch bei de méi Jonken ënner 26 Joer (21,2 %) oder enger Famill monoparental

(all kéiers 52 %) ass d'Gefor méi grouss an d'Aarmut ze geroden. Verschount duerch den, elo emol nach avantagiéisen Rentesystem, sinn eeler Mënschen. Nëmmen 6 Prozent liewen un der Armutsgrenz.

Zu Lëtzebuerg zielt eng eenzel Persoun als aarm, wann de Salaire ënner 1.588 Euro pro Mount läit. Bei enger Koppel läit de Salaire bei 3.335 Euro. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn