Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Éischt Biergleit aus Spidol entlooss

Begleet vum Geblëtz vun de sëlleche Fotoapparater, hunn de Juan Illanes, Edison Pena a Carlos Mamani an engem Gefier, ëmzingelt vun honnerte Journalisten, d'Spidol zu Copiapo verlooss. Déi dräi Männer hunn an d'Kamerae gelaacht a gewonk, hunn de Journalisten awer keen Interview ginn.

Den 34-jäeregen Kumpel Edison Pena ass vum chilenesche Fernseh Heem begleet ginn. Si hu gefilmt, wéi hien no bal 10 Wochen ënnert dem Buedem, fir d'éischt säin Doheem betrëtt. “Ech hätt net geduecht, dass ech

zeréckkommen”, huet hien erkläert. “Dat war eng schlëmm Erfahrung. Merci, dass dir dru gegleeft hutt, dass mir nach liewen”.

No der gegléckter Rettungsaktioun ware sämtlech 33 Biergaarbechter vun der Min San José zu Ënnersichungen an e Spidol zu Copiapo bruecht ginn. Den Zoustand vun den dräi Kumpel, déi sech en Donneschden hu missen enger Zänn-OP ënnerzéien, geet et gutt, huet de stellvertriedende Spidolleeder Jorge Montes matgedeelt. Beim Mario Gomez, dee mat enger Longenentzündung geplot ass, hätt den Antibiotika och gutt ugeschloen. Haut kéinte weider Aarbechter Heem geschéckt ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn