Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

De schwaarze Panther elo bei Tréier?


Et ass elo schonn erëm e Strapp hier, dass de Panther e Liewenszeeche vu sech ginn huet. Lieft e nach? War et just e Witz? Ass et tatsächlech e Panther? Alles Froen, déi engem am Kapp geeschteren, wann een un déi ganz Gerüchter ronderëm den entlafene schwaarze Panther zeréckdenkt. Ma elo huet eng Fra, déi am Bësch trëppele war, dat exotescht Déier gesinn.

Bei enger Wanderung bei Morscheid am Ruwertal bei Tréier hat d'Katharina Hammermann déi grouss Raubkaz entdeckt. “Wéi ech

kuerz virun e puer Bamstämm war, hunn ech ronn zéng Meter vu mir ewech de Panther op engem Hiwwel sëtze gesinn”, huet d'Fra bericht. “D'Déier huet mech ugekuckt. Dat ass awer eng grouss Kaz an do si mir d'Knéie weech ginn. Do war et mir kloer, dass ech grad virum schwaarze Panther stinn” erkläert d'Katharina weider. Fir hatt war nëmmen eng Reaktioun wichteg, d'Been an de Grapp a fort.

Ob een dëser abenteuerlecher Geschicht elo gleewe kann, sief dohigestallt. Fakt ass, dass d'Katharina Hammermann bei enger däitscher Zeitung schafft. Ass et elo just e Publicity-Gag oder ass un der Geschicht tatsächlech eppes drun? Weider Froen, déi engem an de Kapp kommen. Tatkräfteg Beweiser, iwwert d'Existenz vun engem schwaarze Panther an der Groussregioun, ginn et bis haut keng.

Am August 2010 war de Panther eng éischte Kéier an der Géigend vun der belscher Uertschaft Theux gesi ginn. Uganks September hat e Camionschauffer eng grouss schwaarz Kaz bei Farschweiler (Krees Tréier-Saarburg) beobacht, wéi si iwwert eng villbefuere Strooss gespronge wier. Dat war nëmme siwe Kilometer ewech vu Morscheid. Am Oktober 2009 ass d'Grousskaz souguer zu Lëtzebuerg gesi ginn an hat fir grouss Opreegung gesuergt. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn