Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Feier an der Disco Forum zu Tréier

Géint 1.10 Auer ass an der Disco an der Hindenburgstraße zu Tréier e Feier ausgebrach. Zum Zäitpunkt vum Feier war eng Studenteparty amgaang, sou dass ronn 400 Persounen am Gebai waren. Ma wéi d'Pompjeeë vun Tréier op der Onglécksplaz ukomm sinn, war d'Gebai schonn sou gutt wéi komplett evakuéiert.

E Betriede vum Gebai war do, wéinst der extrem staarker Dampentwécklung, net méi méiglech. D'Evakuéierung ass trotz der Gefor awer immens geuerdnet an ouni gréisser Problemer

verlaf. Nodeems séchergestallt war, dass keng Persoun méi an der Disco war, konnt d'Feier géint 1.40 Auer geläscht ginn an d'Lüftungsmoosnamen vun de Pompjeeën hunn den Damp aus dem Gebai gezunn.

Beim Asaz ass ass e Pompjeeë liicht blesséiert ginn an och e Gaascht vun der Disco ass mat Verdacht op eng Dampvergëftung an d'Spidol bruecht ginn. D'Ursaach vum Feier war wuel duerch en techneschen Defekt am Heizungskeller vum Gebai entstan. Vun do aus, ass den Damp duerch de komplette Belüftungssystem vum Gebai gezunn. Ma méi genee Ermëttlungen, am Hibléck wéi d'Feier konnt ausbriechen, solle nach fir Opklärung suergen.

De Schued dierft, enger éischter Schätzung no, am sechsstellege Beräich leien. Am Asaz waren d'Beruffspompjeeë vun Tréier, Läschween vun Olewig an dem Stadszentrum, sou wéi Rettungsween vun der DRK Konz. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn