Samedi 06 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Hierschtfoire 2010 ab dësem Weekend

D'Visiteure vun der Hierschtfoire an der Luxexpo um Kierchbierg kënne sech an dësem Joer op ronn 500 Aussteller verdeelt op insgesamt 33.000 Quadratmeter Ausstellungsfläch freeën. Net fir näischt ass déi beléiften Handelsausstellung déi ëmfaangräichst an dëser Aart zu Lëtzebuerg an der Groussregioun. Wéi all Joer dréint sech och dës Kéier erëm alles ronderëm d'Thema Bauen, Ëmbauen a Wunnen.
<br

/> D'Hierschtfoire, agedeelt a sechs kommerziell Beräicher, versteet sech engersäits an alen Traditiounen a Bräich, passt sech op der anerer Säit awer och un d'Entwécklung vun der Gesellschaft an de verännerten Ufuerderunge vun de Clienten un.

D'Ausstellung um Kierchbierg ass vum 16.  bis den 24. Oktober an ass vu Méindes bis Donneschdes vun 14.00 bis 19.00 Auer op. Samschdes a Sonnde sinn d'Diere vun 10.00 bis 18.00 Auer fir d'Visiteuren op a Freides kann ee vun 14.00 bis 21.00 Auer profitéieren en Tour an de Foireshalen ze maachen. Erwuessener bezuelen 5 Euro Entrée, Kanner a Jugendlecher bis 18 Joer si fräi. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn